Schaffe wéi fréier…

De Moie ware mir an de Stater Musée d’Histoire et d’Art a kruten do sou munches iwwert d’Handwierksberuffer vu fréier gezielt a gewisen.

Uschléissend duerfte mir eis an engem Atelier selwer mat Hummer an Nol e Bild zammeren.

Mol eng aner Turnstonn

Haut hu mir am Turnen e puer Yogaübunge gematz. Ganz féx war aus eisem Klassesall eng improviséiert Turnhal ginn a mir hunn zesummen d’Kaz, den Hond, de Léif, d’Kobra, … an eng ganz Rei aner Yogaübungen ausprobéiert.

 

Kale Besuch…

Dëse kille Gesell leescht eis lo Gesellschaft an eiser Klass. D’Kanner hu fläisseg Schnéiflacke gebastelt. Mol kucken, ob hien nach Verstärkung kritt.

Wéi gesäit d’Welt fir blann Leit aus?

E Freideg war d’Madame Pascale Link vun der Associatioun AMVA bei eis an der Klass. Si ass säit hirem 11. Liewensjoer blann an huet eis erzielt, wéi si hiren Alldag meeschtert.

Mir hu selwer an Ateliern duerften ausprobéieren, wéi enge Schwieregkeeten een ausgesat ass, wann een net gesäit a konnten och selwer a Braille-Schrëft schreiwen an eis mam Blannebengel am Klassesall zurecht fannen.